Home

Wëllkomm op der Websäit vum Sven Clement, President vun der Piratepartei an Deputéierte fir den Zentrumsbezierk.

Iwwert de Sven

De Sven ass e Beggener Jong vum Joergang 1989. No der Primärschoul am Quartier huet hien seng Schoulcarrière am Lycée Aline Mayrisch absolvéiert, éiert hien zu Saarbrécke Wirtschaftsinformatik studéiert huet.

Am Oktober 2009 war hien ee vu 14 Grënnungsmembere vun der Piratepartei well en sech vu kenger anerer Partei representéiert gefillt huet. 2013 hat hien du méi perséinlech Stëmme wéi verschidden Deputéiert, eppes wat 2017 och bei de Gemengewalen nees de Fall war.

Am Juni 2014, no den Europawalen huet de Sven seng eege Firma gegrënnt an esou genee erlieft wéi et ass Aarbechtsplazen ze schafen a Responsabilitéit fir anerer z’iwwerhuelen.

Haut ass de Sven, zesumme mam Jerry Weyer, Gerant vun 3 Firmen an huet iwwert d’Joren eng Dosen Aarbechtsplaze geschafen.

Um private Plang ass de Sven zanter dem 15. Juni 2017 mam Christine bestuet, dat en zënter dem Lycée kennt.

Nieft der Politik, dem Entreprenariat an der Famill verbréngt de Sven nach ëmmer Zäit um Volleyballterrain, als Spiller vum VC Belair an als Arbitter.

De Sven setzt sech an fir e modernt a fairt Lëtzebuerg fir jiddereen, mir dierfe keen vergiessen!

Blog

Gëtt eisen Internet an Zukunft nach méi iwwerwaacht?

Den 13. November huet den Här Staatsminister an enger Ried op der Erëffnung vun de “Luxembourg Internet Days” an an engem Tweet, den Opbau vun engem sougenannte “DDoS Scrubbing Center” annoncéiert. Dësen Zenter soll Deel vun der digitaler Strategie vu Lëtzebuerg sinn. An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Staatsminister dës Froe stellen: Wéi vill DDoS-Attacken …

Chargéeë: Zanter 3 Méint kee Salaire?

Plusieurs personnes engagées auprès de l’État comme chargé de cours et chargé d’éducation nous ont contactées pour nous informer que l’État n’a pas encore versé de salaire depuis août 2018, ceci en contravention de l’article 221-1 du code de travail. Cependant ils ont reçu des fiches de salaires erronées indiquant des salaires à toucher en …

De Countdown leeft!

Nach manner wéi 100 Deeg sinn et bis zu de Chamberwalen 2018 den 14. Oktober 2018. Och dëst Joer stinn ech erëm als Spëtzekandidat fir d’Piraten am Zentrum um Walziedel, eppes op dat ech immens houfreg sinn, well esou kann ech mäin Deel dozou bäidroen fir de politeschen Débat zu Lëtzebuerg opzemaachen an eng Politik …