Open Data beim STATEC? Et ass nach e wäite Wee

Dem Institut National de la statistique et des études économiques (STATEC) seng Missioun besteet, wéi et am Gesetz vum 10 Juli 2011 festgehale gouf, an der Constitutioun vun engem statisteschen Informatiounssystem, dee fir d’Ëffentlechkeet zougänglech soll sinn.

Wärend d’Resultater vun den Etüden och tatsächlech reegelméisseg vum STATEC publizéiert ginn, bleiwen déi erhuewene Mikrodaten allerdéngs fir e Groussdeel vum Public net accessibel.

Daten, déi vum STATEC erhuewe goufen, a vertraulech perséinlech Informatiounen enthalen, kennen net frei zougänglech sinn an däerfe vu Wëssenschaftler nëmmen agesi ginn, wann virdrun eng Demande agereecht ginn ass, an där de Wonsch no engem Zougrëff ob des vertraulech Mikrodaten hiréichend begrënnt an d’Relevanz vum wëssenschaftleche Projet iwwerzeegend duergestallt gouf. Dëst ass wichteg fir de Schutz vun der Privatsphär a gëtt vun de Pirate begréisst.

Allerdéngs kéinten anonymiséiert Mikrodaten an déi dozougehéierend Codebicher duerchaus ëffentlech zougänglech sinn, fir eng zivilgesellschaftlech Iwwerpréiwung vum STATEC senge Methoden a Resultater ze erméiglechen an duerch den einfachen Zougrëff nei Studien ob Base vun dësen Daten ze encouragéieren.

An dësem Zesummenhang wéilt ech dem Här Wirtschaftsminister dës Froe stellen:

  • Stellt de STATEC der Ëffentlechkeet anonymiséiert Mikrodaten zur Verfügung?
  • Am Fall wou d’Äntwert positiv ausfält: Wéi a wou sinn des Datesätz ze kréien
  • Am Fall wou d’Äntwert negativ ausfält: Mat wéi enger Begrënnung enthält de STATEC der Ëffentlechkeet des Date fir?

Link op de PDF

Wou kommen d’Daten hir a wat kascht et? Meng Fro zu de Bréiwer vum Steierbüro am Sport

Verschidde Steierbüroen am Land hunn an de leschten Deeg e Bréif u verschidde Sportler verschéckt fir dës opzefuerderen hir Steiererklärunge vun 2013 bis 2017 ze verbesseren an ëm d’Akommes aus dem Sport z’ergänzen.

An deem Zesummenhang wéilt ech den Häre Sportminister a Finanzminister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Bréiwer sinn an dëser Aktioun u wéi vill Sportler verschéckt ginn?
  • Op wéi eng Daten hunn sech d’Steierbüroe gestäipt fir d’Empfänger vun de Bréiwer ze bestëmmen?
  • Hunn all Steierbüroen dës Bréiwer verschéckt? Gouf et eng Uweisung aus der Hierarchie dëst ze maachen ? Wa jo, wéini gouf dës Uweisung formuléiert a wien huet se formuléiert ?
  • Wéi vill zousätzlech Recetten versprécht den Här Finanzminister sech vun dëser Aktioun, wëssend datt nëmmen en Akommes iwwer 5.000 € pro Joer besteierbar ass ?
  • Wéi vill huet dës Aktioun d’Verwaltung kascht ? Ech bieden d’Häre Minister dëst opzeschlësselen no Personalkäschten, Portokäschten, Materialkäschten a weidere Käschten.
  • Ass geplangt dës Aktioun op aner Felder, déi duerch d’Circulaire L.I.R. n° 91/2 vum 11. Juni 2012 ofgedeckt sinn auszeweiten?
  • Firwat zitéiert de Bréif un d’Sportler just den § 166 AO an net och § 168 (1) AO ? Wien huet den Inhalt vum Bréif erstallt a fräiginn?

Link op de PDF

Copyright-Direktiv, Lëtzebuerg muss Faarw bekennen!

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro d’urgence un den Här Wirtschaftsminister Etienne Schneider weiderzeleeden.

Virun zwee Joer hunn d’europäescht Parlament an de Rot eng Propositioun fir eng Direktiv iwwert Droit d’Auteuren am digitale Bannemaart virgeluecht, déi säit dësem Zäitpunkt oft am Zentrum vun ëffentlechen Debatte stoung, well d’Artikelen 3, 11 an 13 vun dëser Direktiv duerch Richtlinne fir Text- an Data Mining, Aschränkunge vun automatesche Linkpreviews an der Erzwéngung vun Uploadfilteren erhieflech Fräiheetsbeschränkungen am Internet virgesinn.

D’Inhalter vun dësem Dokument wäerte wärend enger leschter Trilog-Sëtzung spéitstens bis den 13.12.18 endgülteg festgesat ginn. Zu deem Zäitpunkt wäerte signifikativ Entscheedunge fir d’Zukunft vum fräien Internet an der EU getraff ginn. Dëst och ob Basis vun engem Verhandlungsmandat vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider, deen am COREPER diskutéiert a ficeléiert gëtt.

Dofir wéilt ech am Kontext vun dëser Question urgente dem Här Wirtschaftsminister Etienne Schneider folgend Froe stellen:

  • Wéi geséit dat lëtzebuergescht Verhandlungsmandat fir de Conseil aus?
  • Deelt den Här Wirtschaftsminister d’Meenung, dass d’Artikelen 3, 11 an 13 erhieflech Fraiheetsbeschränkunge virgesinn?
  • Wier manner Regulatioun an dëse Froen net besser fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, deen sech jo gären als ‘innovativ’ ob der digitaler Landkaart platzéiert?

Mat déiwem Respekt,

Sven Clement
Deputéierten

Sécherheet vun eiser Telefonie-Infrastruktur

Gëschter ass et an der koreanescher Haaptstad Seoul duerch e Brand an engem klenge Kabeltunnel, dee mol keng 500 Meter laang war, zu massiven Ausfäll am Telekommunikatiounsnetz komm. Wärend Stonne war et de Clientë vum betraffene Fournisseur net méiglech eng Handy oder Internetverbindungen opzebauen, soudass den Noutruff nëmme bedéngt ze erreeche war, an e Groussdeel vum Personal vum Service de Garde am Spidol am Noutfall net kontaktéiert konnt ginn.

Wëssend, dass lëtzebuergesch Operateuren progressiv de klasseschen Telefonsuschloss duerch en internetbaséierten Uschloss ersetzen, kéint dësen Zeenario och zu Lëtzebuerg geschéien.

An dësem Kontext géing ech dem Här Medien- a Kommunikatiounsminister gäre folgend Froe stellen:

  • Wéi eng Brandschutzmesure ginn a lëtzebuergesche Kabeltunnele getraff? Beaflosst d’Längt vum Tunnel d’Aart vun dësen Mesuren?
  • Wéi vill Persounen hunn zu Lëtzebuerg nach e klassesche PSTN a wéi vill en VoIP Telefonsuschloss?
  • Wéi eng Konsequenzen hätt en Ausfall vum IP-Reseau fir d’Erreechbarkeet vum Noutruff 112 a vum 113?
  • Ginn et Pläng, déi virgesinn de Mobilfunknotzer den Zougrëff ob den nationale Roaming ze erlaben am Fall vun engem gréisseren Netzausfall?
    Falls jo: Wéi gesinn des Pläng aus?
    Falls nee: Wisou net, a wat sinn d’Alternativen?

Link op de PDF

Problemer beim CGDIS? Wat gëtt dogéint gemaach?

Den 1. Juli 2018 ass dat neit Gesetz iwwert d’Organisatioun vun der sécurité civile an der Schafung vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) a Kraaft getrueden. Zenter dësem Datum sinn eng Rei Méint verstrach an déi éischt Konsequenze vun dëser ëmfaassender Reform zeechnen sech of. Leider muss ee feststellen, dass vill Betraffener net zefridde mat gewësse Verännerunge sinn an sech net hireichend iwwert d’Changementer informéiert fillen; A klenge Pompjees- a Rettungsdéngschtzentere feelt et am Dag oft u Personal, d’Volontairë wësse bis elo net, wéi hiert Engagement wäert remuneréiert ginn an d’Leit um Terrain beschwéieren sech iwwert eng onduerchsichteg Strategie bei der Verdeelung vun Asätz tëscht de verschiddenen Zenteren am Land.

An dësem Zesummenhang wéilt ech dem Här Inneminister dës Froe stellen:

  • Wei dachs ass et zanter dem 1. Juli 2018 am Dag virkomm, dass Pompjees- a Rettungsdéngschtzenteren net operationell waren, well déi virgeschriwwe Mindestzuel un asazbereete Persounen net erreecht gouf? Wei oft war dëst nuets de Fall? Wei eng Mesurë si getraff ginn, fir en eventuellen Personalmangel ze behiewen?
  • Ass de Reglement vun der CGDIS iwwert d’Indemnisatioun vun de Volontairë bei de Pomjees- a Rettungsdéngschter zum aktuellen Zäitpunkt scho vum Regierungsrot ugeholl ginn?
    Falls d’Äntwert positiv ausfält: Wéi sinn déi Betraffen iwert d’Inhalter informéiert ginn?
    Falls d’Äntwert negativ ausfält: Firwat läit nach keng Approbatioun fir?
  • Wéi vill erwuesse Persounen hunn hiert Volontariat bei de fräiwëllege Pompjeeën oder beim Rettungsdéngscht zanter dem 1. Juli 2018 niddergeluecht a wei vill hunn zanter dësem Datum nei ugefaangen? Wei vill dovun koumen aus den Jugendsektiounen? Wei gesinn des Zuele fir d’Joer 2016 an 2017 aus?
  • No wei enge Kritäre gi bei engem Noutfall d’Zenteren, déi kontaktéiert ginn, ausgewielt a wei ginn des Kritäre gewiicht?

Link op de PDF

Gëtt eisen Internet an Zukunft nach méi iwwerwaacht?

Den 13. November huet den Här Staatsminister an enger Ried op der Erëffnung vun de “Luxembourg Internet Days” an an engem Tweet, den Opbau vun engem sougenannte “DDoS Scrubbing Center” annoncéiert. Dësen Zenter soll Deel vun der digitaler Strategie vu Lëtzebuerg sinn.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Staatsminister dës Froe stellen:

  • Wéi vill DDoS-Attacken ginn all Dag zu Lëtzebuerg gemooss? Wat ass den Duerchsaz vun dësen an Mbps, Gbps, Tbps o.ä.?
  • Op wéi engem Niveau vum OSI-Schichtemodell géif dëse “Scrubbing” zum Asaz kommen?
  • Géif dëse “Scrubbing” op sougenannte “Deep-Packet-Inspection”-Technologien zeréck gräifen? Wa jo, wien definéiert d’Parameter fir z’entscheede wat legitimmen a wat DDoS-Trafic ass?
  • Am Fall wou “Deep-Packet-Inspection” zum Asaz kéim, wéi garantéiert den HCPN d’Vertraulechkeet vun Internetkommunikatiounen? Géif an dësem Fall och Trafic fir staatlech Serveren dee SSL-verschlësselt ass interceptéiert ginn?
  • Wien decidéiert genee, wéini de “DDoS Scrubbing” an domadder d’Ëmleedung vun de Kommunikatioune stattfënnt?
  • Wéi héich ass de Käschtepunkt vun dëser ugekënnegter Mesure an a wéi engem Budgetsposten ass se virgesinn?
  • Wien géif dësen DDoS-Scrubbing operativ bedreiwen? Géif dëse Service just fir Staatsservicer offréiert ginn oder och fir de Privatsecteur?

Chargéeë: Zanter 3 Méint kee Salaire?

Plusieurs personnes engagées auprès de l’État comme chargé de cours et chargé d’éducation nous ont contactées pour nous informer que l’État n’a pas encore versé de salaire depuis août 2018, ceci en contravention de l’article 221-1 du code de travail. Cependant ils ont reçu des fiches de salaires erronées indiquant des salaires à toucher en dessous d’un euro pour une tâche complète.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes aux Messieurs les Ministres :

  • Messieurs les Ministres peuvent-ils confirmer que certains employés auprès de l’État n’aient pas encore reçu la totalité de leurs salaires dus depuis le mois d’août ? De combien de personnes s’agit-il ?
  • Quelles sont les raisons pour ces retards de liquidation de salaires ?
  • Quel est le montant global des salaires tardifs à verser ?
  • Quelles sont les conséquences légales et financières pour l’État à cause de ces paiements tardifs ?

PDF Versioun