Copyright-Direktiv, Lëtzebuerg muss Faarw bekennen!

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro d’urgence un den Här Wirtschaftsminister Etienne Schneider weiderzeleeden.

Virun zwee Joer hunn d’europäescht Parlament an de Rot eng Propositioun fir eng Direktiv iwwert Droit d’Auteuren am digitale Bannemaart virgeluecht, déi säit dësem Zäitpunkt oft am Zentrum vun ëffentlechen Debatte stoung, well d’Artikelen 3, 11 an 13 vun dëser Direktiv duerch Richtlinne fir Text- an Data Mining, Aschränkunge vun automatesche Linkpreviews an der Erzwéngung vun Uploadfilteren erhieflech Fräiheetsbeschränkungen am Internet virgesinn.

D’Inhalter vun dësem Dokument wäerte wärend enger leschter Trilog-Sëtzung spéitstens bis den 13.12.18 endgülteg festgesat ginn. Zu deem Zäitpunkt wäerte signifikativ Entscheedunge fir d’Zukunft vum fräien Internet an der EU getraff ginn. Dëst och ob Basis vun engem Verhandlungsmandat vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider, deen am COREPER diskutéiert a ficeléiert gëtt.

Dofir wéilt ech am Kontext vun dëser Question urgente dem Här Wirtschaftsminister Etienne Schneider folgend Froe stellen:

  • Wéi geséit dat lëtzebuergescht Verhandlungsmandat fir de Conseil aus?
  • Deelt den Här Wirtschaftsminister d’Meenung, dass d’Artikelen 3, 11 an 13 erhieflech Fraiheetsbeschränkunge virgesinn?
  • Wier manner Regulatioun an dëse Froen net besser fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, deen sech jo gären als ‘innovativ’ ob der digitaler Landkaart platzéiert?

Mat déiwem Respekt,

Sven Clement
Deputéierten

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *