Open Data beim STATEC? Et ass nach e wäite Wee

Dem Institut National de la statistique et des études économiques (STATEC) seng Missioun besteet, wéi et am Gesetz vum 10 Juli 2011 festgehale gouf, an der Constitutioun vun engem statisteschen Informatiounssystem, dee fir d’Ëffentlechkeet zougänglech soll sinn.

Wärend d’Resultater vun den Etüden och tatsächlech reegelméisseg vum STATEC publizéiert ginn, bleiwen déi erhuewene Mikrodaten allerdéngs fir e Groussdeel vum Public net accessibel.

Daten, déi vum STATEC erhuewe goufen, a vertraulech perséinlech Informatiounen enthalen, kennen net frei zougänglech sinn an däerfe vu Wëssenschaftler nëmmen agesi ginn, wann virdrun eng Demande agereecht ginn ass, an där de Wonsch no engem Zougrëff ob des vertraulech Mikrodaten hiréichend begrënnt an d’Relevanz vum wëssenschaftleche Projet iwwerzeegend duergestallt gouf. Dëst ass wichteg fir de Schutz vun der Privatsphär a gëtt vun de Pirate begréisst.

Allerdéngs kéinten anonymiséiert Mikrodaten an déi dozougehéierend Codebicher duerchaus ëffentlech zougänglech sinn, fir eng zivilgesellschaftlech Iwwerpréiwung vum STATEC senge Methoden a Resultater ze erméiglechen an duerch den einfachen Zougrëff nei Studien ob Base vun dësen Daten ze encouragéieren.

An dësem Zesummenhang wéilt ech dem Här Wirtschaftsminister dës Froe stellen:

    • Stellt de STATEC der Ëffentlechkeet anonymiséiert Mikrodaten zur Verfügung?

 

    • Am Fall wou d’Äntwert positiv ausfält: Wéi a wou sinn des Datesätz ze kréien

 

  • Am Fall wou d’Äntwert negativ ausfält: Mat wéi enger Begrënnung enthält de STATEC der Ëffentlechkeet des Date fir?

Link op de PDF

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *