Sécherheet vun eiser Telefonie-Infrastruktur

Gëschter ass et an der koreanescher Haaptstad Seoul duerch e Brand an engem klenge Kabeltunnel, dee mol keng 500 Meter laang war, zu massiven Ausfäll am Telekommunikatiounsnetz komm. Wärend Stonne war et de Clientë vum betraffene Fournisseur net méiglech eng Handy oder Internetverbindungen opzebauen, soudass den Noutruff nëmme bedéngt ze erreeche war, an e Groussdeel vum Personal vum Service de Garde am Spidol am Noutfall net kontaktéiert konnt ginn.

Wëssend, dass lëtzebuergesch Operateuren progressiv de klasseschen Telefonsuschloss duerch en internetbaséierten Uschloss ersetzen, kéint dësen Zeenario och zu Lëtzebuerg geschéien.

An dësem Kontext géing ech dem Här Medien- a Kommunikatiounsminister gäre folgend Froe stellen:

  • Wéi eng Brandschutzmesure ginn a lëtzebuergesche Kabeltunnele getraff? Beaflosst d’Längt vum Tunnel d’Aart vun dësen Mesuren?
  • Wéi vill Persounen hunn zu Lëtzebuerg nach e klassesche PSTN a wéi vill en VoIP Telefonsuschloss?
  • Wéi eng Konsequenzen hätt en Ausfall vum IP-Reseau fir d’Erreechbarkeet vum Noutruff 112 a vum 113?
  • Ginn et Pläng, déi virgesinn de Mobilfunknotzer den Zougrëff ob den nationale Roaming ze erlaben am Fall vun engem gréisseren Netzausfall?
    Falls jo: Wéi gesinn des Pläng aus?
    Falls nee: Wisou net, a wat sinn d’Alternativen?

Link op de PDF

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *