Transparenz

Als Deputéierte sinn ech engersäits verpflicht all Patron an Akommes dat ech an de läschten dräi Joer hat openzeléeën, mee déi graff Kategorien déi dofir virgesinn goufe vun der Chamber gi mir net duer. Dofir hunn ech op Basis vun menge Steiererklärungen main Akommes zanter 2014 (wéi ech ugefangen hu mat schaffen) ze retracéieren.

Op dëser Säit léeën ech oppe, wéi vill ech verdéngt hunn an a wéi enge Firmen ech Aktien hunn respektiv wou ech an engem Conseil d’administration setzen.

Meng offiziell (a manner komplett) Declaratioun vun der Chamber ass hei ze fannen: declaration-interets-financiers.pdf

Akommes virum Mandat

Viru mengem Mandat an der Chamber hunn ech als associé/gérant fir Clement & Weyer Consulting geschafft, déi als SENC ugefangen huet an 2015 zur SARL emfirméiert gouf.

Dëst ass eng Tätegkeet wou ech net als Salarié beschäftegt wor, mee als Indépendant.

All Montanten sinn BRUTTO also virun Ofzuch vun den Steieren an de Charges sociales. Als Indépoendant bezuelen ech genee 25 % Sozialofgaben, dat heescht dir kënnt iech ausrechnen wat NETTO iwwreg bleift.

Exercice Typ vu Revenu Revenu
2014 Joresakommes 11.323,74 €
Associé/gérant vun Clement & Weyer Consulting SENC 11.323,74 €
2015 Joresakommes 19.007,86 €
Associé/gérant vun Clement & Weyer Consulting SARL 19.007,86 €
2016 Joresakommes 29.998,20 €
  Associé/gérant vun Clement & Weyer Consulting SARL 29.998,20 €
2017 Joresakommes 30.748,20 €
  Associé/gérant vun Clement & Weyer Consulting SARL 30.748,20 €
2018 Joresakommes (bis den 31/10/2018) 25.623,50 €
  Associé/gérant vun Clement & Weyer Consulting SARL 25.623,50 €

Niewenakommes während dem Mandat

Während dem Mandat bleiwen ech weiderhin associé/gérant bei Clement & Weyer Consulting SARL, reduzéiere meng Tâche awer op 20h/Woch fir dëst kënnen mat der Chamber ze verbannen.

Do duerch verdéngen ech ab dem 01/11/2018 nach 1.281,17 € brutto pro Mount nieft der Chamber. Dëst entsprécht ronn 62,50 % vum nët-qualifizéierten oder 52,12 % vum qualifizéierte Mindestloun.

Participatiounen u Firmen

Iwwert meng 50 % u Clement & Weyer Consulting SARL sinn ech och nach an de Firmen GUIDES LUXEMBOURG SARL a MOIEN NEWS MEDIA SA dran. Op der Grafik gesäit een wou ech am Conseil setzen a wou net.

Mäin Afloss op déi Firmen entsprécht der Multiplikatioun vun den ënnerschiddlechen Niveauen.

 

Firma Afloss
Clement & Weyer Consulting SARL 50,00 %
GUIDES Luxembourg SARL 25,00 %
MOIEN NEWS MEDIA SA 24,50 %

 

Member a Verwaltungsréit

Ech setzen a verschiddene Verwaltungsréit, keen dovunner gëtt bezuelt a bei kengem kréien ech Jetongen fir do ze sinn.

Firma/Associatioun Zanter
Clement & Weyer Consulting SARL

Gérant

15/06/2014
GUIDES Luxembourg SARL

Gérant

14/03/2016
Volley-Club Belair ASBL

Membre

30/07/2014
Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

Membre

05/07/2017
Piratepartei Lëtzebuerg ASBL

Président

16/02/2010