Wou kommen d’Daten hir a wat kascht et? Meng Fro zu de Bréiwer vum Steierbüro am Sport

Verschidde Steierbüroen am Land hunn an de leschten Deeg e Bréif u verschidde Sportler verschéckt fir dës opzefuerderen hir Steiererklärunge vun 2013 bis 2017 ze verbesseren an ëm d’Akommes aus dem Sport z’ergänzen.

An deem Zesummenhang wéilt ech den Häre Sportminister a Finanzminister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Bréiwer sinn an dëser Aktioun u wéi vill Sportler verschéckt ginn?
  • Op wéi eng Daten hunn sech d’Steierbüroe gestäipt fir d’Empfänger vun de Bréiwer ze bestëmmen?
  • Hunn all Steierbüroen dës Bréiwer verschéckt? Gouf et eng Uweisung aus der Hierarchie dëst ze maachen ? Wa jo, wéini gouf dës Uweisung formuléiert a wien huet se formuléiert ?
  • Wéi vill zousätzlech Recetten versprécht den Här Finanzminister sech vun dëser Aktioun, wëssend datt nëmmen en Akommes iwwer 5.000 € pro Joer besteierbar ass ?
  • Wéi vill huet dës Aktioun d’Verwaltung kascht ? Ech bieden d’Häre Minister dëst opzeschlësselen no Personalkäschten, Portokäschten, Materialkäschten a weidere Käschten.
  • Ass geplangt dës Aktioun op aner Felder, déi duerch d’Circulaire L.I.R. n° 91/2 vum 11. Juni 2012 ofgedeckt sinn auszeweiten?
  • Firwat zitéiert de Bréif un d’Sportler just den § 166 AO an net och § 168 (1) AO ? Wien huet den Inhalt vum Bréif erstallt a fräiginn?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *